Kinoler

Kinoler Ären Duerfkino aus Koler.
46 ganz konform Sëtzplaatzen.
32 Lautsprecher, equipéiert mat Dolby ATMOS
(1)

An der neier Woch hu mir 2 greisser amerikanesch Blockbuster fir Iech:40 Joer no der Anime Serie iwer den He-Man, dee mo...
31/05/2026

An der neier Woch hu mir 2 greisser amerikanesch Blockbuster fir Iech:

40 Joer no der Anime Serie iwer den He-Man, dee moies regelmeisseg iwer d'Fernsehkanäl diffuséiert gouf, kënnt lo de Kinosfilm "Masters of the Universe" nees zréck an de Kino: An dëser Actionfantasy/SciFi Aventure muss den He-Man säi Planéit Eternia a säi Schlass Grayskull vum béisen Skeletor schützen. Kultege Mainstream Kino fir di jonk mee secherlech och di mi aal di fréier d'Serie suivéiert, oder mat den Actionfiguren an den 80er gespillt hun. Ennerhaalung ass secherlech garantéiert!

E weidere Revival féiert dann och d'Horrorparodie "Scary Movie", dee mëttlerweil an di 6te Ronn geet: Wéi seng Virgänger ginn och hei nees sämtlech Horrorfilmer aus de leschte Joren parodéiert an op d'Schëpp geholl. Kapp ausschalten, sech eng grouss Popcorn bestellen, a lass kann et goen!

Dann huet sech dës Woch awer och den Horst Schlämmer nees an eis Programmatioun gedréckt, dee mir Iech dann nach eng leschte kéier spillen.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Mëttwoch 03/6:
20h "Michael" (vo-en, d/fr ST)

Donneschden 04/6:
20h "Horst Schlämmer sucht das Glück"
(vo-d)

Freiden 05/6:
20h "Masters of the Universe"
(vo-en, d/fr ST)

Samschden 06/6:
20h "Scary Movie" (vo-en, d/fr ST)

Sonden 07/6:
15h "G.O.A.T" (däitsch)
20h "The Mandalorian and Grogu"
(vo-en, d/fr ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Päischtvakanz ass do a mir hu nees puer flott Filmer fir Iech am Programm:Um Päischtméindeg z.b hu mir 2 interessant Déi...
24/05/2026

Päischtvakanz ass do a mir hu nees puer flott Filmer fir Iech am Programm:

Um Päischtméindeg z.b hu mir 2 interessant Déierefilmer fir Iech: Um 17h, déi mi witzeg Mysterykrimiaventure "The Sheep Detectives" iwer puer Schoof, di de Mord un hierem Hiert léisse wëllen a gläich dono um 20h "The Tale of Sylian": e mazedoneschen Dokumentarfilm iwer en arme Bauer deen eng Bezeiung zu engem wäisse Storch opbaut. E scheine Film deen eng stark Verbannung vu Mënsch an Déier weisst.

Nei dann och dat spuenescht Drama "El ser querido" (The Beloved) mam Javier Bardem, deen e Filmregisseur spillt an deen e neie Film dréihnt mat enger schlechter Aktrice a sengen entfriemden Diechter. Konfrontéiert gi se demno duerch hir ugespaante Bezeiung mat ongeléisste Probleemer. De Film gouf och an der offizieller Compétitioun vu Cannes präsentéiert.

Um Sondegowend spille mir dem Guy Ritchie säi neisten Actionthriller "In the Grey" mam Henry Cavill an Jake Gyllenhaal dei 2 Spezialiste spillen, dei op eng geféierlech Suicidemissioun gescheckt gin.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Méindeg 25/5:
17h "The Sheep Detectives" (vo-en, d/fr ST)
20h "The Tale of Sylian" (vo, fr/nl ST)

Dënschdeg 26/5:
19h30 "Doc&Talk: Normal to me" (vo, en ST)

Mëttwoch 27/5:
20h "The Choral" (vo-en, fr/nl ST)

Donneschden 28/5:
20h "Love me Tender" (vo-fr, en ST)

Freiden 29/5:
20h "El Ser Querido" (vo-es, fr/nl ST)

Samschden 30/5:
20h "The Devil wears Prada 2" (vo-en, d/fr ST)

Sonden 31/5:
15h "Meine Freundin Conni 2" (vo-d)
20h "In the Grey" (vo-en, fr/nl ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

An eiser neier Woch get et e Retour aus der Star Wars Welt: Am "Mandalorian and Grogu" mecht sech den ale Kappgeldjëer D...
17/05/2026

An eiser neier Woch get et e Retour aus der Star Wars Welt:
Am "Mandalorian and Grogu" mecht sech den ale Kappgeldjëer Din Djarin, gespillt vum Pedro Padcal zesumme mat sengem Lehrling Grogu op eng opreegend Aventure. Mir spillen Iech de Film gläich zweemol.

Nei dann och "Histoires parallèles", wou d'Isabelle Huppert, als Inspiratioun fir hiert neit Buch, seng Noperen ausspionéiert. E Mysterykrimithriller aus Frankräich.

Fir de Rescht hu mir nach weiderhin de "Michael" an "Devil wears Prada" um Programm, di ëmmer nees ausverkaf sin

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Méindeg 18/5:
20h "Europe: La bataille des sièges" (vo-fr)

Dënschdeg 19/5:
20h "Compostelle" (vo-fr)

Mëttwoch 20/5:
20h "Star Wars: Mandolorian and Grogu"
(vo-en, d/fr ST)

Donneschden 21/5:
20h "The Devil wears Prada 2" (vo-en, d/fr ST)

Freiden 22/5:
20h "Histoires parallèles" (vo-fr)

Samschden 23/5:
20h "Star Wars: Mandalorian and Grogu"
(vo-en, d/fr ST)

Sonden 24/5:
15h "Jazzy: Chaos im Regenwald" (däitsch)
20h "Michael" (vo-en, d/fr ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Dës Woch féiere mir de 40te Gebuertsdag vum "Top Gun" 😎Erlieft dës Actionaventure vun 1986 namol um groussen Ecran, rest...
14/05/2026

Dës Woch féiere mir de 40te Gebuertsdag vum "Top Gun" 😎
Erlieft dës Actionaventure vun 1986 namol um groussen Ecran, restauréiert an am fantasteschen DolbyATMOS dëse Samschdeg um 20h am Kinoler!
A wann dir dann nach motivéiert sid, dann hu mir och nach den zweeten Deel "TopGun:Maverick" am Uschloss fir Iech.
Et gëtt och e Patt zum Beschten zwëscht den 2 Filmer.

An eiser neier Woch hu mir nees insgesamt 10 Filmer fir Iech mat puer Zousatzseancen:En Dënschdeg spille mir den zweeten...
10/05/2026

An eiser neier Woch hu mir nees insgesamt 10 Filmer fir Iech mat puer Zousatzseancen:

En Dënschdeg spille mir den zweeten vun dräi Mamoru Hosoda Filmer, dës keier aus dem Joer 2009 den Anime "Summer Wars": E Student versicht Problemer ze léisen, déi hien an der virtueller Welt OZ ausgeléisst huet.

En Doneschden spille mir dann den Dokumentaire vun engen vun de bekannteste Metalbands: Iron Maiden.

Dann ass Vicky Krieps och nees zréck um groussen Ecran, an daat am franséichen Drama "Love me Tender": Fir nees zou sech zréck ze fannen, trennt sech Clémence vun hirem Mann a kämpf dann ëm de Kontakt zu ihrem Kand wat duerch den Exmann manipuléiert gëtt.

Samschdes féiere mir e grousse Klassiker: "Top Gun" aus dem Joer 1986, deen deemno säi 40ten Anniversaire an enger komplett nei restauréierter Versioun féiert. Gläich dono spille mir Iech och den zweeten Deel namol. Zwescht den 2 Filmer gëtt et e Patt fir näicht, fir all deijeeneg déi di 2 Filmer kucke kommen.

De lëtzebuergeschen Politdocumentaire vu bessi méi wi enger Stonn "Europe: La bataille des siéges" vum Donato Rotunno spille mir Iech Samschdes um 18h.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Dënschdeg 12/5:
17h "Compostelle" (vo-fr)
20h "Summer Wars (2009)" (vo-jpn, en ST)

Mëttwoch 13/5:
20h "Michael" (vo-en, d/fr ST)

Donneschden 14/5:
20h "Iron Maiden: Burning Ambition"
(vo-en, fr/nl ST)

Freiden 15/5:
20h "Love me Tender" (vo-fr, en ST)

Samschden 16/5:
18h "Europe: La bataille des sièges" (vo, fr ST)
20h "Top Gun (1986)" (vo-en, fr/nl ST)
22h30 "Top Gun: Maverick (2022)"
(vo-en, d/fr ST)

Sonden 17/5:
15h "Meine Freundin Conni 2" (vo-d)
20h "The Devil wears Prada 2" (vo-en, d/fr ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Eng komplett Kinoswoch erward eis zu Koler: Nierft den ëmmer nach ausverkafte Seancen vum "Michael" an dem zweete "Devil...
03/05/2026

Eng komplett Kinoswoch erward eis zu Koler: Nierft den ëmmer nach ausverkafte Seancen vum "Michael" an dem zweete "Devil wears Prada", di mir iwriens nach Wochen wäerten fir Iech am Programm hun, hu mir awer och dës Woch nees nei Filmer:

Op der Sich no Konfrontatioun an Heelung trëtt d'Alexandra Lamy am franséichen Drama "Compostelle" zesumme mat hirem rebellesche Fils, de Jacobswee zu Santiago de Compostela un.

Eng portugisesch-lëtzebuergesch Koproduktioun spille mir Meindesowes "Projecto Global": An dësem Thriller geet et em eng lenksextreem bewaffnet Trupp FP25 di an den 80er Joren duerch Bankiwerfäll an Ugrëff zwescht Doud a Prisong balancéiert hunn.

E ganz speziellen an originale Film aus England präsentéire mir Iech e Samschden: "The Sheep Detectives" iwer en Hiert dee senge Schoof all Owend e Krimi virliest, bis hien irgendwann stiewt. D'Schoof hun e klore Verdacht op Mord! Mat dem neidegen Humor dierft dës britesch Déirenaventure wuel zimlech interessant gin.

An zu guder lescht, fir d'Fans vum Videospill hu mir den Actionfantasy Film "Mortal Kombat 2" um Freiden fir Iech: De beléifte Kämpfer Johnny Cage siicht eng Grupp zesumme fir géint dee béise Shao Kahn unzetrieden. De Popcorn läit prëtt!

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Méindeg 04/5:
20h "Projecto Global" (vo-p, fr ST)

Dënschdeg 05/5:
20h "Compostelle" (vo-fr)

Mëttwoch 06/5:
20h "The Devil wears Prada 2" (vo-en, d/fr ST)

Donneschden 07/5:
20h "Michael" (vo-en, d/fr ST)

Freiden 08/5:
20h "Mortal Kombat II" (vo-en, d/fr ST)

Samschden 09/5:
20h "The Sheep Detectives" (vo-en, d/fr ST)

Sonden 10/5:
15h "Der Super Mario Galaxy Film" (däitsch)
20h "The Devil wears Prada 2" (vo-en, d/fr ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Mir starten eng sonneg Woch mat ville neie Filmer an och enger Zousatzseance um Dënschdeg, dem "Karla", wou dem Vicky Kr...
26/04/2026

Mir starten eng sonneg Woch mat ville neie Filmer an och enger Zousatzseance um Dënschdeg, dem "Karla", wou dem Vicky Krieps säi Meedchen d'Haaptroll spillt. En däitscht Drama wat absolut dawäert ass iwer en 12järegt Meedchen wat säi Papp an de 60er Joren weinst Mëssbrauch well ukloen.

Nei dann och um Freideg dei lang erwarden Fortsetzung vum "The Devil wears Prada": 20 Joer nom eischte Film steet d'Miranda Priestley (gespillt vun der exzellenter Meryl Streep) kuerz virun hirer Pensioun a well géint hir aal Assistentin a Rivalin Emily Charlton virgoen (gespillt vum Emily Blunt). Eng starbesetzen Dramakomédie.

E weideren -ganz interessante- neie Film gëtt et Samschdes mam Ralph Fiennes am "The Choral": 3 Männer vun enger Chouer zéien an den eischte Weltkrich, zesumme mat aneren Teenager, a versichen dann mëttels Situatiounsdramatik an Hobby ze iwerliewen.

Weinst de ville neie Filmer kenne mir dës Woch de Michael Jackson just eemol spillen, mee dee wäerte mir nach weiderhin programméieren.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Dënschdeg 28/4:
20h "Karla" (vo-d)

Mëttwoch 29/4:
20h "Ein fast perfekter Antrag" (vo-d)

Donneschden 30/4
20h "Cocorico 2" (vo-fr)

Freiden 01/5:
20h "The Devil wears Prada 2" (vo-en, d/fr ST)

Samschden 02/5:
20h "The Choral" (vo-en, fr/nl ST)

Sonden 03/5:
15h "Charlie der Superhund" (däitsch)
20h "Michael" (vo-en, d/fr ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Eis Seancen vu "Michael", dem Biopic vum Michael Jackson waren de Weekend all ausverkaf a mir waren och houfreg dës Kade...
26/04/2026

Eis Seancen vu "Michael", dem Biopic vum Michael Jackson waren de Weekend all ausverkaf a mir waren och houfreg dës Kadetten gescht ze begréissen, dei sech spontan eng gratis Popcorn verdingt hun. De Film wäert nach iwer Wochen bei eis lafen. Kuckt regelmeisseg eisen Internetsite fir di nächst Seancen. De Film ass definitiv dawäert 🎥

Lëscht Woch haate mir d'Anne Schiltz op Besuch wat hire ganz interessanten Documentaire iwer den ILL "Theater.Kollektiv....
22/04/2026

Lëscht Woch haate mir d'Anne Schiltz op Besuch wat hire ganz interessanten Documentaire iwer den ILL "Theater.Kollektiv." op Koler präsentéire koum. Am Virprogramm ass dem Michèle Tonteling säi Kuerzfilm "Um Boulevard" gespillt gin.

Adresse

38, Rue Principale
Kahler
8376

Heures d'ouverture

Mercredi 19:00 - 23:00
Jeudi 19:00 - 23:00
Vendredi 19:00 - 23:00
Samedi 19:00 - 23:00
Dimanche 14:00 - 23:00

Téléphone

+352380019411

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Kinoler publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Kinoler:

Partager

Type